Norwegesch (op Norwegesch: norsk), dat déi béid Standardvarianten bokmål ['buːkmoːl] an nynorsk ['nyːnɔʃk] oder ['nyːnɔʀsk] erfaasst, gehéiert zum nordgermaneschen Aascht vun den indogermanesche Sproochen.
Norwegesch gëtt vun eppes fënnef Milliounen Norweger als Mammesprooch geschwat.
Et ass och d'Aarbechts- a Korrespondenzsprooch am Nordesche Rot.