Den André Couder, gebuer de 27. November 1897 zu Alençon a gestuerwen de 16. Januar 1979 zu Paräis war e franséischen Optiker an Astronom.
Hien huet vun 1925 un am optesche Laboratoire vum Paräisser Observatoire geschafft, an deen och vun 1926 u geleet. Hien hat 1926 dat no him genannt Couder-Teleskop entwéckelt. Vun 1952 bis 1958 war hie President vun der Kommissioun fir astronomesch Instrumenter a Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun.
1953 krut hien de Jules-Janssen-Präis.
Zesumme mam André Danjon hat hien e Wierk iwwer Teleskope geschriwwen: Lunettes et télescopes: Théorie, conditions d'emploi, description, réglage, histoire