|
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Charles-Jean Simons, gebuer[1] den 28. Juli 1841 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 24. Juni 1912 zu Burbach, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Den 12. September 1866 gouf hie mat der Justine Funck (1845-1924) bestuet.
Vun 1869 bis 1905 war hien Deputéierten[2] an der Chamber, woubäi hie vun 1896 bis 1905 och Chamberspresident war.
Hie war eng Zäit laang President vun der Banque internationale à Luxembourg.
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 11, S. 219 (BNL)
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 528