D'Sylva Koscina, gebuer den 22. August 1933 zu Zagreb a gestuerwen de 26. Dezember 1994 zu Roum, war eng italieenesch Schauspillerin, déi a méi wéi 100 Filmer matgespillt huet.
D'Sylva Koscina huet op der Universitéit vu Neapel Physik studéiert. Donieft huet si och als Fotomodell geschafft.
Am Joer 1955 huet si an hirem éischte Film als Schauspillerin matgewierkt.