Dës Säit befaasst sech mam Joer 2015.
Callicot fir d'Aféiere vum Euro a Litauen ze begréissen.
Flüchtlingen um Wee fir a Westeuropa, ënnerwee a Slowenien (Okt. 2015).
D'Joer 2015 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.
Solidaritéitsmanifestatioun, de 7.1., fir d'Affer vun den Attentater zu Paräis.
- uechter d'Joer: Honnertdausende vu Flüchtlingen (1,6 Millioune bis Enn Dezember) aus de Krisegebitter ronderëm d'Europäesch Unioun froen Asyl an enger Rëtsch vu Memberlänner (dovun 1 Millioun an Däitschland) un a stellen dës viru grouss Erausfuerderungen.
- 01. Januar: Litauen gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro als Wärung an.
- 07. Januar: Bei engem Attentat op d'Redaktioun vun der franséischer satirescher Zeitung Charlie Hebdo zu Paräis kommen 12 Leit ëm d'Liewen. Deen Dag drop bréngt e Kompliz 3 Leit an engem jiddesche Supermarché ëm; hien, wéi och déi zwéin aner Attentäter, ginn am spéiden Nomëtte vun der Police erschoss.
- 11. Januar: 4 bis 5 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich ënner dem Slogan Je suis Charlie hiert Matgefill mat den Attentatsaffer a fir Meenungsfräiheet, et gëtt Dosende vu änleche Manifestatiounen uechter d'Welt.
- 11. Januar: D'Kolinda Grabar-Kitarović gewënnt am 2. Tour vun de Presidentewalen a Kroatien.
- 25. Januar: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Griicheland kritt dem Alexis Tsipras seng Lénkspartei Syriza déi meescht Stëmmen; hie gëtt deen Dag drop als Premierminister an enger Koalitioun mat den nationalkonservativen Anexartiti Ellines vereedegt.
- 31. Januar: De Sergio Mattarella gëtt zum neie Staatspresident vun Italie gewielt.
- 18. Februar: De Prokopis Pavlopoulos gëtt zum neie President vu Griicheland gewielt. En trëtt säin Amt den 13. Mäerz un.
- 01. Mäerz: Dem andorranesche Premierminister Antoni Martí seng Partei Demòcrates per Andorra kritt bei de Parlamentswalen d'absolut Majoritéit.
- 01. Mäerz: Parlamentswalen an Estland. Ministerpresident gouf erëm den Taavi Rõivas.
- 12. Mäerz: Déi islännesch Regierung zitt d'Kandidatur vun hirem Land fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn, zeréck.
- 24. Mäerz: De Kopilot vun engem Airbus A320 vun der Germanwings léisst um Fluch vu Barcelona op Düsseldorf an de franséischen Alpen de Fliger express an e Bierg knuppen; mat him stierwen all déi 149 aner Leit u Bord.
- 07. Mee: Bei de Parlamentswalen am Vereenegte Kinnekräich gewënnt d'Konservativ Partei ënner dem David Cameron d'absolut Majoritéit.
- 24. Mee: Den Andrzej Duda gewënnt d'Presidentschaftswalen a Polen. Hie gëtt de 6. August vereedegt.
- 29. Mee: No de Parlamentswale vum 17. Abrëll a Finnland gëtt de Juha Sipilä neie Premierminster.
- 05. Juni: De Raimonds Vējonis gëtt vum Parlament zum neie President vu Lettland gewielt an den 8. Juli vereedegt.
- 28. Juni: No de Parlamentswalen an Dänemark, den 18. Juni, gëtt de Lars Løkke Rasmussen als neie Premierminister vun enger minoritärer rietsliberaler Regierung vereedegt.
- 20. September: D'Syriza-Partei gewënnt op en Neits déi virgezunne Parlamentswalen a Griicheland.
- 24. September: De Puente de la Constitución de 1812 zu Cadiz gëtt ageweit.
- 04. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Portugal bleift d'Mëtt-riets-Alianz Portugal à Frente vum Pedro Passos Coelho senger PSD an der CDS-PP déi Stäerkst, hat awer net d'Majoritéit am Parlament. Den 11. November entzéien d'Oppositiounsparteien als Lénksblock der Regierung d'Vertrauen, an de Coelho trëtt zeréck. De 25. November gëtt de António Costa zum neie Premierminister ernannt.
- 11. Oktober: Den Alexander Lukaschenko gëtt bei de Presidentschaftswalen a Wäissrussland erëmgewielt.
- 18. Oktober: Parlamentswalen an der Schwäiz; d'SVP an d'FDP gewanne Sëtz.
- 25. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Polen gewënnt d'Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), mat der Beata Szydło un der Spëtzt, d'absolut d'Majoritéit. D'Szydło gëtt de 16. November als nei Premierministesch vereedegt.
- 08. November: Parlamentswalen a Kroatien.
- 13. November: Bei terroristeschen Attacken zu Paräis an zu Saint-Denis (Seine-Saint-Denis) kommen 130 Leit ëm d'Liewen a ronn 350 gi blesséiert, dovun ee Véirel ganz schwéier.
- 17. November: A Rumänien gëtt de Dacian Cioloș neie Premierminister, nodeems d'Virgängerregierung no ëffentleche Protester zeréckgetruede war.
Arabesch Welt an Noen Osten
änneren
De Pluto, den 13. Juli vun der Sond New Horizons geknipst.
- 18. September: Déi amerikanesch Ëmweltagence beschëlegt Volkswagen wéinst enger 'Fuddelsoftware', déi Tester erkennt an dann d'NOx-Ofgase vu sengen Diesel-Motore kënschtlech niddreg léisst; Ufank vun der Dieselgate-Affär, déi sech jorelaang hinzitt an zu enger 25 Milliarden Euro u Strofen a Kompensatioune féiert.
- 12. Dezember: 195 Länner eenege sech op der UN-Klimakonferenz 2015 (COP 21) iwwer en Ofkommes iwwer Klimapolitik.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Žilina (Slowakei) am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Slowakei.[3]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 1:2 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[4]
- 09. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 0:0 géint Moldawien.[5]
- 14. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lwiw am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[6]
- 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1:0 géint Mazedonien. De Sébastien Thill huet de Gol geschoss.[7]
- 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Baryssau am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:2 géint Wäissrussland.[8]
- 09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[9]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:4 géint d'Slowakei. D''Goler fir Lëtzebuerg hunn de Mario Mutsch an de Lars Gerson geschoss.[10]
- 13. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[11]
- 17. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 0:2 géint Portugal.[12]
- 07. Januar: Cabu, Charb, Honoré, Tignous a Wolinski, Zeechner a Journaliste bei der Zäitschrëft Charlie Hebdo.
- 07. Januar: Bernard Maris, franséischen Ekonomist a Journalist.
- 08. Januar: Marc Olinger, lëtzebuergesche Schauspiller a Regisseur.
- 08. Januar: Rod Taylor, australesche Schauspiller.
- 09. Januar: Józef Oleksy, polnesche Politiker.
- 10. Januar: Francesco Rosi, italieenesche Filmregisseur.
- 11. Januar: Anita Ekberg, schweedesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Victor Poos, lëtzebuergesche Geometer a Buergermeeschter vun Dikrech.
- 23. Januar: Abdullah ibn Abd al-Aziz, Kinnek vu Saudiarabien.
- 24. Januar: Alphonse Deloos, lëtzebuergesche Karikaturist.
- 24. Januar: Demis Roussos, griichesche Sänger.
- 27. Januar: Charles Hard Townes, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 28. Januar: Yves Chauvin, franséische Cheemiker an Nobelpräisdréier.
- 28. Januar: Alphonse Halleux, belsche Moler.
- 28. Januar: Édouard Legille, lëtzebuergeschen Ingenieur, Erfinder a Manager.
- 30. Januar: Jeliu Jelew, bulgaresche Politiker a Staatspresident.
- 30. Januar: Carl Djerassi, US-amerikanesch-éisträicheschen a bulgaresche Cheemiker.
- 31. Januar: Richard von Weizsäcker, däitsche Politiker a sechsten däitsche Bundespresident.
- 05. Februar: Val Fitch, US-amerikanesche Physiker.
- 06. Februar: Assia Djebar, algeeresch Historikerin a Schrëftstellerin.
- 11. Februar: Roger Hanin, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 14. Februar: Michele Ferrero, italieeneschen Entreprener.
- 14. Februar: Louis Jourdan, franséische Schauspiller.
- 18. Februar: Claude Criquielion, belsche Vëlossportler.
- 20. Februar: Sandy Whitelaw, brittesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 27. Februar: Boris Nemzow, russesche Politiker.
- 27. Februar: Leonard Nimoy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Februar: Marc Meyer, lëtzebuergeschen Zoolog.
- 02. Mäerz: Joseph Kohnen, lëtzebuergesche Philolog.
- 09. Mäerz: Frei Otto, däitschen Architekt.
- 12. Mäerz: Terry Pratchett, englesche Schrëftsteller.
- 20. Mäerz: François Schlechter, lëtzebuergesche Ringer.
- 23. Mäerz: Lee Kuan Yew, singapuresche Politiker.
- 25. Mäerz: Ivo Garrani, italieenesche Schauspiller.
- 26. Mäerz: Fred Robsahm, norweegesche Schauspiller.
- 26. Mäerz: Tomas Tranströmer, schweedeschen Dichter.
- 27. Mäerz: Rik Battaglia, italieenesche Schauspiller.
- 28. Mäerz: Gene Saks, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 30. Mäerz: Helmut Dietl, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 02. Abrëll: Manoel de Oliveira, portugisesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 03. Abrëll: Thierry Origer, lëtzebuergesche Reliounswëssenschaftler an Organist.
- 05. Abrëll: Othon Scholer, lëtzebuergesche Philolog, Professer an Auteur.
- 13. Abrëll: Eduardo Galeano, uruguayesche Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Günter Grass, däitsche Schrëftsteller.
- 14. Abrëll: Anne-Marie Peysson, franséisch Journalistin a Speakerin.
- 14. Abrëll: Percy Sledge, US-amerikanesche Soul-Sänger.
- 16. Abrëll: Stanislav Gross, tschechesche Politiker.
- 20. Abrëll: Richard Anthony, franséische Sänger.
- 28. Abrëll: René Féret, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Ben E. King, US-amerikanesche Sänger.
- 30. Abrëll: Patachou, franséisch Sängerin a Schauspillerin.
- 02. Mee: Ruth Rendell, englesch Schrëftstellerin.
- 03. Mee: Guido Guerrasio, italieenesche Filmkritiker a Filmregisseur.
- 07. Mee: Thomas Engel, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 14. Mee: B. B. King, US-amerikanesche Museker.
- 15. Mee: Willy Hagara, éistreichesche Schlagersänger a Schauspiller.
- 20. Mee: Colette Wark-Hoffmann, lëtzebuergesch Sängerin
- 23. Mee: John Nash, US-amerikanesche Mathematiker an Nobelpräisdréier.
- 26. Mee: Robert Paul Kraft, US-amerikaneschen Astronom.
- 29. Mee: Doris Hart, US-amerikanesch Tennisspillerin.
- 02. Juni: Alberto De Martino, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 04. Juni: Edith Hancke, däitsch Schauspillerin.
- 05. Juni: Tariq Aziz, irakesche Politiker.
- 06. Juni: Pierre Brice, franséische Schauspiller.
- 06. Juni: Richard Johnson, englesche Schauspiller a Filmproduzent
- 07. Juni: Christopher Lee, brittesche Schauspiller.
- 09. Juni: James Last, däitsche Komponist a Bandleader.
- 10. Juni: Robert Thill, lëtzebuergesche Germanist.
- 11. Juni: Ornette Coleman, US-amerikaneschen Jazzmuseker.
- 15. Juni: Harry Rowohlt, däitschen Auteur, Iwwersetzer a Schauspiller.
- 16. Juni: Süleyman Demirel, tierkesche Politiker.
- 16. Juni: Jean Vautrin, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 21. Juni: Laura Antonelli, italieenesch Schauspillerin.
- 22. Juni: James Horner, US-amerikanesche Komponist.
- 23. Juni: Helmuth Lohner, éisträichesche Schauspiller.
- 23. Juni: Magali Noël, franséisch Schauspillerin.
- 23. Juni: Charles Waringo, lëtzebuergesche Lokalpolitiker an Auteur.
- 23. Juni: Robert Weimerskirch, lëtzebuergesche Moler.
- 25. Juni: Patrick Macnee, englesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Juni: Dietrich Haugk, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. Juni: Charles Pasqua, franséische Politiker.
- 01. Juli: Sergio Sollima, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 03. Juli: Jacques Sernas, franséische Schauspiller.
- 06. Juli: Jerry Weintraub, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 07. Juli: Bako Dagnon, malesch Sängerin.
- 08. Juli: André Zirves, lëtzebuergesche Politiker.
- 09. Juli: Saud ibn Faisal, saudesche Politiker.
- 10. Juli: Omar Sharif, egyptesche Schauspiller.
- 11. Juli: Satoru Iwata, japanesche Videospillentwéckler a Firmechef.
- 11. Juli: François Schortgen, lëtzebuergesche Moler.
- 14. Juli: Wolf Gremm, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Juli: Natasha Parry, englesch Schauspillerin.
- 27. Juli: A. P. J. Abdul Kalam, indesche Wëssenschaftler a Staatspresident.
- 02. August: Jacques Navadic, franséische Journalist.
- 13. August: Danford B. Greene, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 13. August: Pierre Jansen, franséische Komponist.
- 15. August: Max Greger, däitsche Bigband-Leader.
- 20. August: Egon Bahr, däitsche Politiker.
- 26. August: Raymond Chirat, franséische Filmhistoriker.
- 30. August: Wes Craven, US-amerikanesche Regisseur.
- 01. September: Dean Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- 04. September: Sylvie Joly, franséisch Schauspillerin.
- 10. September: Franco Interlenghi, italieenesche Schauspiller.
- 16. September: Guy Béart, franséische Sänger a Komponist.
- 19. September: Edouard Molitor, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 27. September: John Guillermin, englesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. September: Hellmuth Karasek, däitschen Auteur, Journalist, Film- a Literaturkritiker.
- 05. Oktober: Chantal Akerman, belsch Filmregisseurin, Dréibuchautorin a Schauspillerin.
- 05. Oktober: Henning Mankell, schweedeschen Theaterregisseur an Auteur.
- 06. Oktober: Árpád Göncz, ongresche Schrëftsteller a Politiker.
- 10. Oktoberː Hilla Becher, däitsch Fotografin.
- 12. Oktober: Joan Leslie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Oktober: Danièle Delorme, franséisch Schauspillerin.
- 24. Oktober: Maureen O'Hara, iresch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 31. Oktober: Gregg Palmer, US-amerikanesche Schauspiller.
- 01. November: Günter Schabowski, DDR-Politiker.
- 03. November: Roger Michel Erasmy, lëtzebuergeschen Auteur.
- 04. November: René Girard, franséische Kulturanthropolog a Reliounsphilosoph.
- 05. November: Hans Mommsen, däitschen Historiker.
- 06. November: Fons Kontz, lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Theaterregisseur an Auteur vun Theaterstécker.
- 06. November: Horst Keitel, däitsche Schauspiller.
- 10. November: André Glucksmann, franséische Philosoph.
- 10. November: Helmut Schmidt, däitsche Politiker.
- 15. November: Dora Doll, franséisch Schauspillerin.
- 15. November: Nicoletta Machiavelli, italieenesch Schauspillerin.
- 15. November: Moira Orfei, italieenesch Zirkusdirektesch a Schauspillerin.
- 18. November: Jonah Lomu, neiséilännesche Rugbyspiller.
- 20. November: Lex Jacoby, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 22. November: Kim Young-sam, südkoreanesche Politiker.
- 24. November: Henri Rodesch, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Museksprofesser a Politiker.
- 02. Dezember: Gabriele Ferzetti, italieenesche Schauspiller.
- 04. Dezember: Robert Loggia, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Dezember: Denis Héroux, kanadesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 14. Dezember: Luke Haas, lëtzebuergesche Rockmuseker an Auteur.
- 19. Dezember: Kurt Masur, däitschen Dirigent.
- 23. Dezember: Jean-Marie Pelt, franséische Pharmakolog, Biolog, Botaniker, Ökolog, Auteur a Politiker.
- 28. Dezember: Lemmy Kilmister, Sänger a Bassist vu Motörhead.
- 31. Dezember: Natalie Cole, US-amerikanesch Sängerin.